Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.362 Artikelen an 134 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … siwe Lëtzebuerger op der Säit vun den Alliéierte de 6. Juni 1944 bei der Operation Overlord am Asaz waren? Et waren dat bei de Buedemtruppen de Charles-André Schommer op Omaha Beach an op Sword Beach de Pierre Laux bei den engleschen Truppen an den Antoine Neven, Jean Neven, Félix Peters a Jean Reiffers beim franséische Commando Kieffer. De Jean-Bernard Ney war deen Dag als Navigateur u Bord vun engem Fliger vun der englescher Aviatioun iwwer Omaha Beach am Asaz.
- … de gebiertegen Iechternacher Jules Hoffmann 2011 den Nobelpräis fir Medezin kritt huet an zanter 2012 Member vun der Académie française ass?
- … de Meter 1793 als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis bei den Equator vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter 1795 a Messeng gegoss gouf?
- … de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
- … d'Gare vun Däitsch-Oth an déi vu Wuelmereng zwou Kappgarë vun der CFL sinn, déi a Frankräich leien?
Artikel vun der Woch

D'Uelzechtstrooss ass eng Strooss zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech bis op de Prënzeréng. Si huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft. Dëse gouf tëscht 1885 an den 1910er Joren no an no ugeluecht, an de Laf vun der Uelzecht zum Deel ëmgeleet.
D'Uelzechtstrooss ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert. Opfälleg sinn déi hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten a reegelméissegen Ofstänn liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn.
D'Bebauung ass gréisstendeels aus den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert, a sou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm ... > méi

Op engem 6. Juni
- 68: Doud vum réimesche Keeser Nero.
- 1599: Gebuert vum spuenesche Moler Diego Velázquez.
- 1606: De franséischen Theaterschrëftsteller Pierre Corneille gëtt gebuer.
- 1799: De russeschen Dichter Alexander Puschkin kënnt op d'Welt.
- 1875: Gebuert vum däitsche Schrëftsteller Thomas Mann.

- 1926: De Lëtzebuerger Journalist a Schrëftsteller Nic Weber gëtt gebuer.
- 1937: Referendum zu Lëtzebuerg iwwer dat sougenannt Maulkuerfgesetz.
- 1944: Operation Overlord - déi Alliéiert Truppe landen an der Normandie.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤ 4. Juni: Marjane Satrapi, franséisch-iranesch Comics-Auteurin a Filmregisseurin.
- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
