Lise Meitner
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Lise Meitner | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Elise Meitner |
| Gebuer |
November 1878 Wien |
| Gestuerwen |
27. Oktober 1968 Cambridge |
| Nationalitéit | Éisträich, Schweden |
| Educatioun |
Universitéit Wien, Akademisches Gymnasium |
| Aktivitéit | Kärphysikerin, Universitéitsprofessesch, Cheemikerin, Physikerin |
| Fonctioun | Professesch |
| Member vun | Royal Society, Akademie der Wissenschaften der DDR, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Niedersächsische Akademie der Wissenschaften zu Göttingen |
| Auszeechnungen | Max-Planck-Medail, Pour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht, Foreign Member of the Royal Society |
| Famill | |
| Mamm | Diddy |
| Geschwëster | Auguste Meitner, Frida Frischauer-Meitner, Fritz Meitner |
|
| |


D'Elise (Lise) Meitner, gebuer de 7. November 1878 zu Wien a gestuerwen de 27. Oktober 1968 zu Cambridge, war eng bedeitend éisträichesch Kärphysikerin. Ënner anerem huet si am Februar 1939 zesumme mat hirem Neveu Otto Frisch déi éischt physikalesch-theoreetesch Erklärung vun der Kärspaltung publizéiert, déi hire Frënd Otto Hahn an deem säin Assistent Fritz Straßmann de 17. Dezember 1938 entdeckt a mat radiocheemesche Methoden nogewisen haten.
D'Lise Meitner huet hire Gebuertsdag ëmmer de 7. November[1] gefeiert, obwuel am israelitesche Gebuerteregëster vu Wien de 17. November[2] 1878 agedroe war.
Liewen a Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 1926: Member vun der Leopoldina
- 1926: Member vun der Akademie vun de Wëssenschafte vu Göttingen
- 1947: Éierepräis vun der Stad Wien fir d'Wëssenschaft.
- 1955: Member vun der Royal Society zu London
- 1949: Max-Planck-Medail, zesumme mam Otto Hahn
- 1955: Otto-Hahn-Präis fir Chimie a Physik
- 1957: Uerde Pour le Mérite fir Wëssenschaften a Konscht.
- 1960: Member vun der American Academy of Arts and Sciences
- 1960: Wilhelm-Exner-Medail
- 1966: Enrico-Fermi-Präis vun der amerikanescher Atomenergie-Kommissioun, zesumme mam Otto Hahn a Fritz Straßmann
- 1967: Éisträichesche Gielche fir Wëssenschaft a Konscht
D'Lise Meitner gouf am Ganzen 48-mol fir den Nobelpräis nominéiert, krut de Präis awer ni.
No hir genannt
[änneren | Quelltext änneren]- Meitnerium, e cheemescht Element
- Hahn-Meitner-Institut fir Kärfuerschung zu Berlin
- (6999) Meitner, en Asteroid vun der Haaptceinture
- Meitner, en Aschlagkrater op der Moundrécksäit
- Lise-Meitner-Präis fir Kärphysik vun der Europäescher Physikalescher Gesellschaft
- Lise-Meitner-Literaturpräis
- eng Rëtsch Stroossen, sou z. B. zu Berlin, Offenbach, Potsdam (Lise-Meitner-Straße) gradewéi zu Esch-Uelzecht an zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lise Meitner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ F. Krafft, Lise Meitner und ihre Zeit -- Zum hundertsten Geburtstag der bedeutenden Naturwissenschaftlerin in Angewandte Chemie 90, 876–892 (1978).
- ↑ Anders Ruth Lewin Sime: Lise Meitner. A Life in Physics. University of California Press, Berkeley, 1996, S. 1
