Op den Inhalt sprangen

Sewastopol

Vu Wikipedia
Image Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sewastopol
Image
Image
Land Ukrain
Awunner 485.386 (2022)
Fläch 863,6 km²
Koordinaten 44°36'18"N, 33°31'21"O
Telefonszon 0692
Postcode 99000–99699
Websäit https://sevastopolis.com/
Image
Image

Sewastopol (ru / uk: Севастополь, fr. Sébastopol) ass mat 485.386 Awunner (Stand 2022)[1][2] déi gréisst Stad op der Hallefinsel Krim. Se läit um südwestleche Bord, op den Ausleefer vun de Krimbierger, direkt um Schwaarze Mier.

Se huet en Handels- a Fëschereihafen, an ass den Haaptstëtzpunkt vun der russescher Schwaarzmierflott.

Scho virun 300.000 Joer sollen éischt Mënschen an Hiele bei Chersones gelieft hunn. Am Joer 422 v. Chr. hu griichesch Koloniste Kalamita (haut Sewastopol) a Chersones besidelt. D'Stad selwer gouf 1783 op Uerder vun der russescher Zarin Katharina II. gegrënnt.

Zanter dem 21. Mäerz 2014 gehéiert d'Stad de facto net méi zur Ukrain, mä gouf als Federatiounssujet vu Russland annektéiert. Dat ass awer international ëmstridden.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Panorama-Musée mam Roubaud sengem ronnen 3D Bild vum Krimkrich
  • Aadler-Sail, déi un déi am Krimkrich express am Agank vum Hafe versenkt russesch Schëffer erënnere soll
  • Ruine vun der griichescher Siidlung Chersones
Image  Commons: Sewastopol – Biller, Videoen oder Audiodateien
Image
Schëffer vun der Schwaarzmierflott
Image
Promenad a Skyline vu Sewastopol
Image
Konstantin Batterie
Image
Panorama-Musée
Image
Aadlersail am Hafen
Image
Ruine vu Chersones

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://www.citypopulation.de/en/ukraine/cities/.