Op den Inhalt sprangen

Auguste Flesch

Vu Wikipedia
Auguste Flesch
Gebuer 24. Juni 1844
Rue de l'Eau
Gestuerwen 14. August 1921
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Dokter
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, President vum Collège médical
Member vun Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal
Image

Den Auguste Flesch, gebuer de 24. Juni 1844 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 14. August 1921 zu Rëmeleng[1][2], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.

Bei de Chamberwale fir de Kanton Esch, nom Doud vum Xavier Brasseur, gouf den Auguste Flesch den 28. November 1912[3] gewielt an huet d'Funktioun als Deputéierten an der Chamber bis 1918 behalen.[4]

Vun 1920 bis zu sengem Doud war hien – als Nofollger vum Gustave Fonck – President vum Collège médical[5].

Den Auguste Flesch war de Grousspapp vun der Colette Flesch.[4]

Fir un den Auguste Flesch z'erënneren, gouf zu Rëmeleng eng Strooss no him genanntː d'Rue Dr Flesch (L-3725) verbënnt d'Rue des Martyrs mat der Rue Jean-Pierre Bausch.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Doudesannonce vum Auguste Flesch am Luxemburger Wort vum 17. August 1921 op eluxembugensia.lu gekuckt den 11. Abrëll 2022
  2. (en) Family tree of Auguste FLESCH. Geneanet. Gekuckt den 11.04.2022.
  3. Lokal-Neuigkeiten an Die neue Zeit = Les temps nouveaux (Organ für fortschrittliche Politik und Volksbildung) vum 1. Dezember 1912 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 12. Abrëll 2022
  4. 1 2 Biographie vum Auguste Flesch an 'Le collège médical 1818-1968' op der Säit 64 publizéiert op aloss.lu
  5. (fr) Broschür vum Collège médical fir den 200. Anniversaire (1818 – 2018) (PDF) S. 9. collegemedical.lu (2018). Gekuckt de 04.02.2026.