Op den Inhalt sprangen

Scheier

Vu Wikipedia
Image Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Image Dësen Artikel beschäftegt sech mat landwirtschaftleche Gebai. Fir de Familljennumm, kuckt wgl. Scheier (Familljennumm).
Image
Eng oppe Scheier zu Manternach

Eng Scheier ass e Landwirtschaftsgebai, bei Bauerenhäff mat zwéin oder méi Stäck dat besonnesch fir d'Lagere vu Fudder wéi Hee a Stréi gebraucht gëtt. Niewebäi gëtt den ënneschten Deel och als Ofstellplaz fir Ween oder Maschinne wéi fréier d'Dreschmaschinn, de Bléiser, d'Ozmillen, d'Rommelsmaschinn asw. gebraucht[1].

Scheieren déi aleng an der Gewan stinn, gi Feldscheier genannt.

Typesch fir d'Éislek wéi fir d'belsch Ardenne sinn Héichscheierhaiser, déi besonnesch der Topographie ugepasst sinn. Bei den Héichscheiere steet d'Scheier iwwer de Ställ sou datt ee vun der Säit vum Hank gläicherhand erafuere kann. Wann et Niveausënnerscheeder gouf, da gouf eng Ramp gebaut, oder eng Scheierbréck. Déi Scheierkonstruktioun huet d'Ofluede vun de Ween méi einfach gemaach well een eng grouss Partie vum Hee oder Stréi net huet brauchen eropzereechen.

Image  Commons: Scheieren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Image  Commons: Scheieren zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Allen G. Noble. Traditional Buildings: A Global Survey of Structural Forms and Cultural Functions (New York: Tauris, 2007), S. 30.