Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.448 Artikelen an 103 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Lake Luxembourg a Pennsylvania säin Numm krut, well d'Groussherzogin Charlotte an hirem Exil wärend dem Zweete Weltkrich do en Terrain kaf hat?
- … de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
- … d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
- … deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
- … d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
Artikel vun der Woch

De fréiere Stater Tram war en Tram, deen tëscht 1875 an 1964 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass.
1874 krut dem Charles de Féral seng Firma Société anonyme du Tramway luxembourgeois (SATL) d'Konzessioun, fir e Päerdstram ze bauen an z'exploitéieren. Den 21. Februar 1875 konnt d'Streck Gare - Kolléisch (Ënneschtgaass) ageweit ginn. Am August 1875 gouf et dräi Linnen.
De Päerdstram gouf 1908 ofgeléist a mat engem elektreschen Tram ersat, dee vun der Stad Lëtzebuerg selwer bedriwwe gouf. Deen hat am Ufank vun den 1930er Joren den Héichpunkt vu senger Popularitéit erreecht: 1930 goufen 8,25 Mio Leit transportéiert, 1937 hat de Schinnereseau seng maximal Ausdeenung vu 37,8 km.
Vun den 1950er Joren u gouf den Tramsbetrib no an no duerch Buslinnen ersat. Nei Quartiere kruten direkt Bus- a keng Tramslinnen. De 5. September 1964 ass op der Linn 10 dee leschten Tram gefuer... > méi

Op engem 7. Juli

- 1805: De lëtzebuergesche Politiker Victor de Tornaco gëtt gebuer.
- 1833: Gebuert vum belsche Moler Félicien Rops.
- 1860: Den éisträicheschen Dirigent a Komponist Gustav Mahler kënnt op d'Welt.
- 1887: Gebuert vum franséisch-russesche Moler Marc Chagall.
- 1899: Den amerikanesche Regisseur George Cukor gëtt gebuer.
- 1930: Doud vum britteschen Dokter a Schrëftsteller Arthur Conan Doyle.
- 2005: 56 Doudeger an iwwer 700 Blesséierter bei Bommenattentater op 3 Metroszich an e Bus zu London.
- 2021: De lëtzebuergesche Kënschtler Romain Urhausen stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
- 24. Juni: Ann Blyth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Juni: Alan Greenspan, US-amerikanesche Ekonomist.
- 15. Juni: Abdullah Ibrahim, südafrikanesche Museker a Komponist.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
