Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 67.424 Artikelen an 112 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

Image
  • … deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
  • … d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
  • … de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte „Kroll-Prozess“ entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?

Artikel vun der Woch

Image

Den Europäeschen Heckefräsch (Hyla arborea), meeschtens einfach Heckefräsch genannt, ass e Fräsch aus der Famill vun den Heckefräschen am breede Sënn (Hylidae). Se heeschen esou well se sech meeschtens op de Blieder an an den Äscht vun Hecken an aneren Traisch ronderëm hiert Gewässer ophalen.

Den Europäeschen Heckefräsch ass mat e puer Ënneraarten iwwer ganz Mëttel- a Südeuropa bis a Griicheland an och d'Tierkei, an am Oste bis a Russland, bis bei de Floss Don, verbreet. D'Heckefräsche klotere flénk an der Vegetatioun rondererëm. Dat ass méiglech well se un den Extremitéite vun hire Fangeren an Zéiwen opfälleg Haftballen hunn.

Zu Lëtzebuerg war den Heckefräsch am Ufank vum 20. Joerhonnert iwwer d'ganzt Land verspreet ze fannen. No 1980 ass de Bestand drastesch zeréckgaangen. Mëtt der 1990er Jore gouf d'Aart nëmme méi op dräi Plazen fonnt. Dorposhin huet den Naturschutzsyndikat SICONA am Guttland eng ganz Rëtsch nei Dëmpele geschaf a gläichzäiteg anerer fir d'Erhale vum Heckefräsch optimiséiert, sou datt 2000 den Heckefräsch nees op 16 Plazen am Land konnt nogewise ginn. An de Joren dono hu sech d'Liewensbedingungen awer nees verschlechtert... > méi

Image

Op engem 4. Juli

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Déi amerikanesch Onofhängegkeetserklärung.
Déi amerikanesch Onofhängegkeetserklärung.
Méi iwwer: … de 4. Juli… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Alan Greenspan
Alan Greenspan

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

Image
… dräi Dänzerinne virun engem LED-Ecran.

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik