Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.385 Artikelen an 133 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?
- … d'Amerikanesch Joffereninsele bis 1917 zu Dänemark gehéiert hunn, déi se du fir 25 Milliounen Dollar un d'USA verkaaft hunn?
- … am Schlass Bierg, der groussherzoglecher Residenz, tëscht 1941-1944 vum däitschen Occupant eng sougenannt Nationalpolitische Erziehungsanstalt ageriicht gi war?
- … de Seechomessenniwwel, e planetareschen Niwwel, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht?
- … de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?
Artikel vun der Woch

D'Schwaarzmiergrondel (Neogobius melanostomus) ass e klengen europäesche Fësch aus der Famill vun de Gobiiden, dee souwuel am Schwaarzen- wéi och am Kaspesche Mier, an och am Brackwaasser vun de Flëss ronderëm déi zwee Mierer heemesch ass.
D'Schwaarzmiergrondel gouf ongewollt, warscheinlech mam Ballastwaasser vu Schëffer, verschleeft an huet sech duerno invasiv am Baltesche Mier, an enger Rëtsch vu mëtteleuropäesche Flëss, an och an de Groussen nordamerikanesche Séien, invasiv ausgebreet. Zu Lëtzebuerg ass d'Schwaarzmiergrondel zënter ongeféier 2010 iwwer de Rhäin an d'Musel agewandert an huet sech och do invasiv verbreet.
Am Duerchschnëtt si se ronn 15 cm laang, si kënnen awer och bis zu eppes iwwer 20 cm laang ginn. Um Réck an op de Kierpersäite si se onopfälleg beige-brong gefierft, de Bauch ass awer ganz wäiss. Laanscht d'Säitelinn ass eng Rei däischter Flecken ze gesinn. Op der viischter Réckefloss ass en opfällege ronne Fleck... > méi

Op engem 14. Juni

- 1833: Gebuert vum lëtzebuergeschen Affekot a Politiker Dominique-Alexis Brasseur.
- 1866: Ufank vum Preisesch-Éisträichesche Krich.
- 1871: De lëtzebuergeschen Entreprener an Autoconstructeur Théodore Pescatore gëtt gebuer.
- 1894: D'Groussherzogin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg kënnt op d'Welt.
- 1899: De japanesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier Yasunari Kawabata gëtt gebuer.
- 1920: Gebuert vum lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller Albert Borschette.
- 1928: Den argentineschen Dokter a kubanesche Revolutionär Che Guevara kënnt op d'Welt.
- 1985: D'Schengener Ofkommes gëtt zu Schengen vu 5 Länner ënnerschriwwen.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. Juni: David Hockney, brittesche Kënschtler.
- 6. Juni: Alan Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 4. Juni: Marjane Satrapi, franséisch-iranesch Comics-Auteurin a Filmregisseurin.
- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
