Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.231 Artikelen an 111 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…
- … den Alphonse Kemp 1911 e Projet virgestallt huet fir d'Uelzecht an engem Tunnel ënnert dem Rummplateau erduerch ze féieren?
- … den Ausdrock „op Mechele goen“ (fir „déi lescht Trompkaart auszespillen“) op de Grousse Rot vu Mechelen zeréckgeet, déi iewescht Geriichtsinstanz an de Burgundeschen, Spueneschen an Éisträicheschen Nidderlanden?
- … e Lëtzebuerger den éischte President vun der Assemblée parlementaire de la Francophonie war, enger Organisatioun déi sech aus franséischsproochege Regierungen oder interparlamentareschen Organisatiounen zesummesetzt?
- … d'Olympesch Spiller vun 1916 engersäits an 1940 an 1944 op där anerer, wéinst dem Éischten, resp. dem Zweete Weltkrich annuléiert goufen?
- … vun der Prinzessin vu Schengen just nach Zänn iwwreg sinn?
Artikel vun der Woch

Den angolanesche Biergerkrich war e Biergerkrich an Angola. En huet direkt no dem Land senger Onofhängegkeet vu Portugal am November 1975 ugefaangen a mat Ënnerbriechunge bis 2002 gedauert. Am Wesentleche war de Biergerkrich e Muechtkampf tëscht den zwou fréieren Onofhängegkeetsbeweegungen, dem Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA, Volleksbeweegung fir d'Befreiung vun Angola) an der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA, Nationalunioun fir déi komplett Onofhängegkeet vun Angola). Am Kontext vum Kale Krich war et awer och gläichzäiteg e Stellvertriederkrich mat wäitleefeger indirekter Bedeelegung vun der Sowjetunioun, Kuba, Südafrika, de Vereenegte Staaten an anere Länner.
Wéi d'MPLA 2002 de Krich gewonnen hat, ware méi wéi 500.000 Leit gestuerwen an iwwer eng Millioun Leit bannent dem Land deplacéiert. De Krich hat dem Land seng Infrastruktur zerstéiert a seng ëffentlech Verwaltung, seng Entreprisen a seng reliéis Institutioune staark beschiedegt... > > méi

Op engem 22. November

- 1794: Ufank vun der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch franséisch Revolutiounstruppen.
- 1869: Gebuert vum franséische Schrëftsteller André Gide.
- 1890: De franséische Generol a Staatspresident Charles de Gaulle gëtt gebuer.
- 1913: Gebuert vum englesche Komponist, Dirigent a Pianist Benjamin Britten.
- 1940: Den US-amerikanesche Regisseur an Animateur Terry Gilliam kënnt op d'Welt.
- 1963: Den amerikanesche President John F. Kennedy gëtt zu Dallas op oppener Strooss erschoss.
- 1975: De Juan Carlos I. gëtt Kinnek vu Spuenien.
- 2005: D'Angela Merkel gëtt vum däitsche Bundestag zur Bundeskanzlerin gewielt.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. November: Jean-Claude Schanen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 10. November: Stacy Keach. US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. November: Jean-Claude Asselborn (Jean Sorrente), lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. November: Sebastián Lelio, chileenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- ≤ 6. November: Fred Becker, lëtzebuergesche Moler a Galerist.
E Bléck op…

Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik