Op den Inhalt sprangen

Jhemp Hoscheit

Vu Wikipedia
Jhemp Hoscheit
Image
De Jhemp Hoscheit op de Walfer Bicherdeeg 2025
Gebuertsnumm Jean-Pierre Hoscheit
Pseudonym jh, j.h.h., jh.h.
Gebuer 20. September 1951
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Gewerkschaftler
Member vun A:LL Schrëftsteller*innen, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, OGBL
Image

De Jhemp Hoscheit, gebuer den 20. September 1951 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Hie war Generalsekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, dem LSV a Franséischprofesser am Escher Jongelycée.

De Jhemp Hoscheit ass de Papp vum Ben Hoscheit.

Liewen a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

De Jhemp Hoscheit huet seng Première 1971 am Escher Jongelycée gemaach an huet duerno, vun 1972 bis 1975, franséisch Literatur op de Cours universitaires zu Lëtzebuerg an op der Universitéit Stroossbuerg studéiert. 1975 gouf hien Enseignant am Lycée technique Mathias Adam zu Péiteng. Duerno ass en an den Escher Lycée de garçons gewiesselt wou e bis zu senger Pensioun am Joer 2016 an Deelzäit enseignéiert huet, fir sech dem Schreiwe kënnen ze widmen.

De Jhemp Hoscheit schreift Romaner, Kuerzgeschichten, Gedichter, Cabaret- an Theatertexter, souwéi Kannerbicher. Hien huet säin Debut mat enger Gedichtsammlung op Franséisch mam Titel Album (1981) gemaach, duerno koume Prosa-Stécker an Essayen, virun allem D'Welt huet 1 001 Steckdousen – E puer Gedanken iwwer d'Liesen (1998). Am Joer 1998 huet e sech mat dem deelweis autobiographesche Roman Perl oder Pica op d'literaresch Duerstellung vun der Escher Gesellschaft an den 1960er Jore konzentréiert. Dëse Roman portraitéiert déi vill Erfarunge vun engem zwielefjärege Jong vun Esch an de Joren 1962-1963; de Personnage vun der amerikanescher Tatta ass vu senger Giedel Margrit Schuler inspiréiert. Hien huet dës Geschicht méi spéit mat zwou anere Geschichten zu enger Trilogie completéiert. An dësem Kontext erzielt de Roman Aacht Deeg an der Woch (2006) d'Jugenderfarungen am Mee 1968, ënner dem Afloss vun der Beatles-Musek. De Roman Wootleche Krich (2018) spillt 1965, engem Joer an deem, virum Hannergrond vum Kale Krich, kleng a grouss Geheimnisser, Rumeuren an déi ganz perséinlech Sich nom Sënn den Alldag vun de Protagonisten ausmaachen. D'Haaptsujete si Schold, Strof, Recht a Gerechtegkeet. Dës Theme kommen och am franséischsproochege Roman La Secte de Sisyphe erëm, deen de Jhemp Hoscheit am Joer 2000 geschriwwen huet an dee vum Albert Camus sengem L'Étranger inspiréiert ass.

An de Romaner Mondelia (2010) a Klangfaarwen (2012) dauche fantastesch Elementer op: am éischte ginn iwwernatierlech Kräften enger Planz d'Fäegkeet ze kommunizéieren an se dréit doduerch entscheedend zur Opléisung vun engem Verbrieche bäi; an deem aneren erlaabt dat iwwernatierlecht Gehéier vum Protagonist et an eng imaginär Welt anzedauchen, als Kompensatioun fir de Papp deen him feelt. Am Joer 2022 huet de Jhemp Hoscheit de Roman Tëschent den Zeile publizéiert, dee vu Mäerz bis Juni 2020, wärend der COVID-19 Pandemie, spillt a sech mat Erfarunge vum Lockdown beschäftegt. D'Buch beschreift den Alldag vun enger Koppel an hirer Teenagerduechter. Dem Papp seng Aktivitéit als Schrëftsteller erlaabt et, déi perséinlech Situatioune vun de Personnagë mat fiktiven Episoden a realen historeschen Episoden niewenteneen ze setzen. D'Konfrontatioun mat der Beweegung vun de Corona-Skeptiker, déi duerch Gespréicher tëscht dem Papp an engem Verschwörungstheoretiker ervirgeruff gëtt, fält och an dëse Kontext. De Roman Ouninumm (2024) erzielt aus der Perspektiv vun engem jonke Meedchen e Fall vu Mëssbrauch a seng traumatesch Konsequenzen. Mat Hëllef vun engem Therapeut probéiert d'Protagonistin d'Wierder ze fannen, déi et hir erlaben, dat wat si erlieft huet ze veraarbechten an domat hir Identitéit nei z'entdecken.

D'Literatur vum Jhemp Hoscheit ass dacks satiresch, an den Auteur genéisst Wuertspillereien, an der Traditioun vun der Oulipo-Grupp vum Raymond Queneau. Als engagéierten Ëmweltschützer an Antimilitarist verurteelt hien d'Feeler vun der Welt. Hie ass och Member vun der Lëtzebuerger Kabarets-Entente (LKE) a huet eng Serie vun Texter fir verschidde Cabaretstruppen geschriwwen, dorënner Bëschzeck (Tutti Futti, 1983), Cabaret Geoghelli an de Cabaret vun der Theatergrupp Liewensfrou. A Kooperatioun mam Jemp Schuster huet hien d'Trupp J(h)emp2 animéiert, fir déi si 1990 zesumme Chlorrosen geschriwwen hunn.

No enger Paus vu 16 Joer huet de Jhemp Hoscheit 2009 mam Rol Gelhausen Texter fir de Programm Kriiis deLux vum Cabarenert geschriwwen. Als Auteur war hien och bei anere Cabarenert-Programmer derbäi: Elauter Poppenetti (2011-2012), LuxiLeaks (2013-2014) a Réckbléck an d'Zukunft (2015-1016). Zesumme mam Museker Julien Arpetti huet hien am Januar 2017 d'retrospektiv Sorry fir den Durcherneen! geschriwwen an duerno (2019) de Programm Märd alors!!! Am Joer 2020 hunn de Jhemp Hoscheit an de Julien Arpetti Fréier wor alles… presentéiert, eng nostalgesch a satiresch Chronik vun 1960r bis 2020. Donieft ass de Jhemp Hoscheit den Auteur vun de Lauschterspiller D'Arche Joe (1980) a Sens unique (1999) gradewéi vun den Theaterstécker De Prof gëtt entfouert (1984), Kale Kaffi (1999), Daumentheater (2002) a Schwaarz op wäiss (2002).

De Jhemp Hoscheit ass och am Beräich vun der Kanner- a Jugendliteratur aktiv. Hien huet absënns eng ganz Rei vun Theaterstécker fir Kanner geschriwwen, ë. a. De Wijhel (1987), Tapis rouge (1999) an Eridania an Eng utopeg Story (2002). An de Sammlungen Op der Rees (1994) a Wat wibbelt do am Schaf? (2005) sinn eng Sammlung vun narrative Gedichter, déi d'Fantasie vun de Kanner stimuléieren an déi dacks op Wuertspillereie baséieren. De kreative Sproochgebrauch ass och eng vun de Charakteristike vum Buch Geschichten aus dem Zirkus Kopplabunz (1992). D'CD Komm, lies mer vir! (2013) enthält Texter aus Wat wibbelt do am Schaf?, Op der Rees a Geschichten aus dem Zirkus Kopplabunz, déi de Jhemp Hoscheit selwer liest. A Wann d'Déieren Detektiv spillen… (1999) erzielt de Jhemp Hoscheit d'Abenteuer vun Déieren, déi nom klenge Lelia sichen, fir him säin Teddybier zeréckzeginn, deen hatt bei engem Besuch am Zoo verluer huet. Zodi am Schatofor (2002) imitéiert d'Aktioun vu mëttelalterleche Chansons de geste an erzielt d'Geschicht vun enger Ritterzeremonie. D'Sammlunge Plogeeschter (1996) a Wat wette mer? (2001) bréngen Texter zesummen, deenen hire linguisteschen Humor heiansdo mat kriteschen Observatioune vun der Gesellschaft kombinéiert gëtt, a behandele Sujete wéi d'Elteren-Kand-Bezéiungen an d'Däiwlereie vun de Kanner, modern Kommunikatiounsmëttelen, Ëmweltschutz gradewéi d'Lëtzebuergesch Sprooch.

Am Joer 2015 huet de Jhemp Hoscheit L'Imagination, säin éischt Kannerbuch op Franséisch erausbruecht. D'Geschicht ass geduecht fir den Zougang zur franséischer Sprooch z'erliichteren a verschidde Punkte vum Vocabulaire z'erkläeren; s'erzielt vun engem zwielef Joer ale Meedchen, dat d'Grenz tëscht Realitéit a Fantasie iwwerschreit, an esou d'Kraaft vun der Fantasie noweist. D'Integratioun vun edukativen Inhalter an d'Kannerliteratur steet och am Mëttelpunkt am Buch De Schmunzel (2018), dat vum Carlo Schneider illustréiert gouf. Dora probéiert eng Grupp vun Déieren en Astrophysiker ze verdreiwen, deen de laachende Meteorit mat aussergewéinleche Fäegkeeten, mathuele wëll. An De Kaddo (2024), dat vun der Sandra Martins illustréiert gouf, besicht eng kleng Feldmaus hire kranke Brudder; déi léif Bëschdéieren hëllefen hir e verluerene Kaddo erëmzefannen.

De Jhemp Hoscheit schafft a villen Zeitungen an Zäitschrëfte mat, ë. a. an: Tageblatt, Galerie, Les Cahiers luxembourgeois, d'Lëtzebuerger Land, Forum, Lëtzebuerger Almanach an Eis Sprooch (Actioun Lëtzebuergesch) oder och nach a Benny a Jenny, De Piwitsch, Drauffelter Zeitung, Perspektiv. Auszich aus Klangfaarwen goufen an der spuenescher Iwwersetzung am Joer 2010 an Abril publizéiert. E puer vu sengen Texter goufen an Anthologien, dorënner Lëtzebuerg '82/'83 (1983), Intercity (1995), Konterlamonter (2008) an e-gutenberg (2014) publizéiert.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Album (Gedichter). Mol 22, Éditions du Centre Culturel; Differdange 1981
  • Lut aus Spott un. Lidder, Gedichter, Texter, Szeenen 1980-1983 mat Zeechnunge vum Roger Leiner. Eegeverlag; Esch 1983
  • Aus alle Wollécken Cabaretstexter 1983-1988. Zeechnunge vum diti (François Didier). Eegeverlag; Esch 1988.
  • Radiosspiller: Dräi Nimm pro Schung, Ganz hannen an den Tiräng. Extraserie Nr.12 vun Eis Sprooch erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch; Lëtzebuerg 1989
  • Geschichten aus dem Zirkus Kopplabunz. Kannergeschichten mat Illustratioune vum Michel Demart. Éditions Benjamin-Club; Diekirch 1992. ISBN 2-87967-015-2. Reedition 1995 (ISBN 2-919870-00-9)
  • Bannemäertchen. Cabarettexter 1989-1992. Éditions Le Phare; Esch-Alzette 1992. ISBN 2-87964-019-9
  • Op der Rees, Gereimte Geschichte fir Kanner mat Illustratioune vum Michel Demart. Éditions Revue; Luxembourg 1994. ISBN 2-919999-00-1
  • Plogeeschter, Geschichte fir Kanner. Illustratioune vum Michel Demart. Éditions Phi (Philou), Echternach, 1996. ISBN 3-88865-138-7. Reeditioun Dezember 1997
  • Muskelmaus a Rateschwanz. Illustratioune vum Roger Leiner. La Sécurité Routière a.s.b.l.; 1996.
  • eng ënn fir lëtzebuerg. 70 Parodien a Pastiche mat Zeechnungen a Fotoe vum Auteur a 7 faarwege Biller vum Patrick Sadzot. Éditions Schortgen, Esch 1998. ISBN 2­87953­336­8. Prix Public 1999 (FIL/ Fédération luxembourgeoise des éditeurs de livres)
  • Perl oder Pica, Roman. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, November 1998. ISBN 2-87953-527. ewell a 5. Oplo. 3. Präis vum Concours littéraire national 1997 (Theema: Romaner), Prix Servais 1999.
  • Wann d'Déieren Detektiv spillen.... illustréiert vum Michel Demart. Éditions Guy Binsfeld; Luxembourg, 1999, ISBN 2-87954-073-9. Prix Public 2000 (F.I.L. / Féderation luxembourgeoise des éditeurs de livres)
  • La Secte de Sisyphe, Roman. Coédition: Les Cahiers Luxembourgeois / Éditions Memor, Bruxelles / Luxembourg, 2000. ISBN 2-930133-44-9 Premier Prix littéraire Jean Lebon 1999 de la Commune d'Aubange (1999)
  • Wat wette mer? 13 Geschichte fir Kanner, Éditions Le Phare, Esch-Alzette, 2001, ISBN 2-87964-046-6. Prix du Festival du Livre luxembourgeois 2002 (F.I.L. / Fédération luxembourgeoise des éditeurs de livres). 2e édition: novembre 2003
  • Zodi am Schatofor, illustréiert vum Michel Demart. Éditions Guy Binsfeld, Luxembourg 2002, ISBN 2-87954-113-1
  • Aacht Deeg an der Woch. Roman, Éditions Guy Binsfeld, 2006, ISBN 2-87954-159-X
  • Monsteren am Gaart, 2008, éditions guy binsfeld, e Kannerbuch op Lëtzebuergesch, zesumme mat der Vanessa Staudt
  • Perl oder Pica. Vum Buch zum Film. Eng Chronik 1996-2006. Wéi aus engem lëtzebuergesche Roman e lëtzebuergesche Film gëtt... GalerieDok 1, Éditions du Centre Culturel de Differdange, 2009, ISSN 2076-8060.
  • Mondelia, Kriminalroman, Éditions Guy Binsfeld, 2010, ISBN 978-2-87954-236-2.
  • Klangfaarwen, Roman; Éditions Guy Binsfeld 2011. 3. Präis vum Concours littéraire national 2010.
  • Den Eppes, Kannerbuch, Illustratiounen: Dorota Wünsch. Éditions Guy Binsfeld 2013, ISBN 978-2-87954-273-7
  • Komm, lies mer vir! Musek komponéiert vum Heng Kleren a Robi Arend. Zeechnungen: Michel Geimer [Livre audio / Hörbuch], Éditions Binsfeld, 2013, ISBN 978-2-87954-272-0
  • L'Imagination, FGIL (Fédération générale des instituteurs luxembourgeois = Luxemburger Lehrerverband), 2015, ISBN 978-2-87954-293-5
  • Sorry fir deen Duercherneen, Satiresche Réckbléck op 2016, Éditions Guy Binsfeld 2017, ISBN 978-99959-42-21-2
  • De Schmunzel. Eng ko(s)mesch Geschicht fir Kanner, Éditions Guy Binsfeld 2018, ISBN 978-99959-42-38-0
  • Wootleche Krich. Roman; Éditions Guy Binsfeld, 2018, ISBN 978-99959-42-46-5
  • Märd alors!!! Satiresche Réckbléck op 2018, Éditions Guy Binsfeld 2019, ISBN 978-99959-42-51-9
  • Fréier wor alles… oder d’Wendung mat der Maus. Eng satiresch Chronik vun de 60er bis haut, Selbstverlag, 2020, ISBN 978-2-9199565-3-1
  • De Kaddo, PersPektiv, 2024, ISBN 978-2-919813-61-2
  • Tëschent den Zeilen Roman, Kremart (Kanephora), 2022, ISBN 978-99959-39-3
  • Ouninumm. Roman, éditions Guy Binsfeld, 2024, ISBN 978-2-919822-12-6.
  • Den Impakt vun de Klappentexter, Roman (1. Präis am Nationale Literaturconcours 2025, nach net publizéiert).
  • Lëtzebuerg '82/ 83': Eng Anthologie vu Mol-Auteuren (Schreiwen), MOL spécial 4, Éditions du Centre Culturel de Differdange, 1983
  • Vu Wëllef, Afen, Quetschen a Kanner: (Eng Wallis) [15 Geschichten] / erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch Eis Sprooch, Lëtzebuerg, 1985
  • Kuurzgeschichten / [Georges Hausemer, Romain Hilgert, Jhemp Hoscheit, Heng Losch, Pe'l Schlechter, Jhemp Schuster] erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch Eis Sprooch, Extraserie Nr 7, Lëtzebuerg, 1986
  • Anthologie de la Paix (20. November 1985), Courrier de l'Education Nationale Luxembourg, Ministère de l'éducation nationale et de la jeunesse Luxembourg, 1987
  • Dem Foni Tissen séng Welt (Mol mer eng Dänn), Schwebsange: Publications mosellanes, 1988
  • Lëtzebuerg Luxemburg Luxembourg 1989 (1989), Eng Publikatioun mat Texter vun 48 Lëtzebuerger Schrëftsteller/inne fir d'150 Joer ­Onofhängegkeet, Editioun Staatsministère + Kulturministère, Lëtzebuerg 1989
  • Literaturpräis 1989 fir Kannergeschichten / Silvia Herr-Strelciuc, Joëlle Schwirtz, Jhemp Hoscheit ; [ill.: Gaby Lassans-Schank], (E Mount Everest aus Bécksen), Éditions Emile Borschette; Christnach, 1990
  • Lëtzebuergesch Texter 1990 fir 7e a 8e, Ministère de l'éducation nationale, Lëtzebuerg 1990
  • Ronderëm d'Famill: un livre autour de la famille: dessins de nos enfants, textes de nos auteurs = Ein Lese- und ein Schaubuch: von Kindern und Erwachsenen für Erwachsene und für Kinder, Art à l'école Luxembourg: Éd. des Cahiers luxembourgeois, 1994, ISBN 2-919976-13-3
  • Intercity - L'anthologie '95 en trois langues (Déi dräi éischt Wierder), Éditions Phi, Op der Lay, LSV, ISBN 2-87962-027-6
  • Regards d'écrivains = Schriftstellerblicke / [Red.:] Denis Scuto, Éditions Le Phare, Esch-Alzette, 1995, ISBN 2-87964-031-8
  • De Flautert: Cartoons an Texter / Kiischpelter Cartoonale, Syndicat d'initiative Kiischpelt, Esch-Sauer: Op der Lay, 1993-1997
  • Journées littéraires de Mondorf (extrait de: La secte de Sisyphe), Dialogue des littératures, Éditions Phi ­ Op der Lay, Echternach, 1997, ISBN 3-88865-148-4
  • Wenn Erinnerungen schwimmen können…: Reiseliteratur / [Red.: Vally Berdi, Georges Hausemer, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Ruth Keene, Robbie Martzen, Michèle Prange, Gabrielle Seil] (The audience is listening), Éditions Phi; Echternach 1997, ISBN 3-88865-156-5
  • Da lass: Land, Leit a Sprooch, Lektiounen 1-20: “mir léiere lëtzebuergesch”. [Vidéocassette]. Braun, Josy, Jhemp Hoscheit, and Henri Losch.: Ministère de l’Education Nationale et de la Formation Professionnelle, Luxembourg, 2000
  • Liesbuch (Eng Schoklasreklamm), textes pour élèves des classes de 6e de l'enseignement primaire édité par la Fédération luxembourgeoise des éditeurs, Luxembourg, juillet 1998, ISBN 2-919916-00-9
  • Gipfeltreffen: Das EU-Lesebuch für junge Leute: Erzähltes-Reportagen-Fakten (Was willst du später werden?), Hrsg.: E. Groh, C. Holler, F. Berger, F. Derdak, Dachs-Verlag, Wien 1998, ISBN 3-85191-149-0
  • Droits de l'Homme: Recueil de textes dans le cadre de l'action pédagogique "Nous, acteurs des droits de l'homme", (E Beweisstéck; Le sang, l'encre; Les doigts de l'homme; Mënscherechter mol anescht; Si hun) Ministère de l'éducation nationale, Lëtzebuerg, 1998
  • mélusina / Gerd Heger, Jhemp Hoscheit, Paula de Lemos, Véronique Schons ; mit Collagen von Anne Weyer, 1. Luxemburger Literaturpreis für Mehrsprachigkeit 1998, Hrsg.: Goethe-Institut Luxemburg; Centre National de Littérature; Centre Culturel Français; Radio 100,7, Éditions Phi; Echternach, 1999, ISBN 3-88865-180-8
  • E Buch am Zuch 2000 = En train de lire = Lesen in einem Zug / Freed um Liesen (Ausschnëtt aus Perl oder Pica), [en collaboration avec le Centre National de Littérature et la Commission Nationale pour la Coopération avec l'UNESCO] CFL / Initiativ 'Freed um Liesen' dans le cadre de la Journée Mondiale Unesco du livre, ISBN 2-9599963-2-1
  • Schrift & Bild Ecrits & Images, Un hommage de l'artiste à l'écriture et de l'auteur au visuel, Sérigraphies; Éditions Phi, Herborn 2000
  • E Buch am Zuch 2001 = En train de lire = Lesen in einem Zug / Freed um Liesen (Ausschnëtt aus La secte de Sisyphe), CFL / Initiativ 'Freed um Liesen' dans le cadre de la Journée Mondiale Unesco du Livre, ISBN 2-9599963-3-X
  • Contes fantastiques (Déi Saach mam Ada), Lauréats du Concours littéraire national 2000: Mario Fioretti, Guy Girardi, Jhemp Hoscheit, Francis Kirps, Claudine Muno, Tom Reisen, Éditions Phi; Echternach, Luxembourg, 2001, ISBN 3-88865-206-5
  • Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch: 1901 - 2001 / [Réd.: Gabriel Deibener, Georges Konsbruck, Ed. Maroldt, J.M. Peiffer, Nadine Schummer, Lucien Thill] (Mitto tibi navem), LGE, 2001, Impression: Saint-Paul Luxembourg, ISBN 2-87996-938-7
  • Quarantième Anniversaire (extraits de à deux voix), Institut Grand-Ducal Section des Arts et des Lettres, Imprimerie saint-paul Luxembourg, 2002
  • A sept voix: prix littéraire national 2001: poésie - Prix littéraire national, (textes des lauréats du Prix littéraire national luxembourgeois 2001: Georges Hausemer, Roland Harsch, Jhemp Hoscheit, Francis Kirps, Giulio E Pisani, Leon Rinaldetti, Michèle Thoma), Éditions Phi, Esch-Alzette, 2002, ISBN 2-87962-153-4
  • E Buch am Zuch 2003 = En train de lire = Lesen in einem Zug / Freed um Liesen; (Ausschnëtt aus Perl oder Pica) [en collaboration avec le Centre National de Littérature] , CFL / Initiativ 'Freed um Liesen' en collaboration avec le C.N.L. dans le cadre de la Journée Mondiale Unesco du Livre
  • Lies a fléi (1 Text aus Plogeeschter, 4 Texter aus Geschichten aus dem Zirkus Kopplabunz, 2 Texter aus Op der Rees. Lëtzebuerger Liesbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer (Illustratioune vum Muriel Moritz), Education Nationale, September 2003; Luxembourg, ISBN 2-495-03572-8
  • Virum wäisse Blat, Lëtzebuerger Auteure schreiwen iwwer d'Schreiwen, Photos Philippe Matsas, Éditions Guy Binsfeld, Luxembourg, 2003, ISBN 2-87954-134-4
  • E Buch am Zuch 2003 = En train de lire = Lesen in einem Zug / Freed um Liesen; (Ausschnëtter aus Perl oder Pica an La secte de Sisyphe), CFL / Initiativ 'Freed um Liesen' en collaboration du C.N.L dans le cadre de la Journée Mondiale Unesco du Livre.
  • Lies de bal, zesumme mat Cathy Clement, Lucien Blau, Josy Braun, Tullio Forgiarini, Pol Greisch, Henri Losch, Nico Graf, Roger Manderscheid, Editions Saint-Paul , Editions Guy Binsfeld, 2014

Cabaretsprogrammer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Dat as keng Affär, Bëschzeck, 1980
  • Polittricks, Bëschzeck, 1981
  • Wanz de nët gees, Bëschzeck, 1982
  • Tutti Frutti, Bëschzeck, 1983
  • J(h)emp2, Tournéesprogramm mam Jemp Schuster, 1985
  • Cabarambo, J(h)emp2 (Texter: Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster. Mam Jhemp Hoscheit, Jemp Schuster. Musek: Jerry Philipps. Première an der Escher Theaterstiffchen 16.4.1986
  • Pas si simple, Schülercabaret mat Texter vum Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster, Opgefouert vum FadS-Theater aus dem LT Esch; Première am Escher Theater 16.5.1987
  • In vitro veritas, J(h)emp2 (Texter: Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster.) Mam Mady Durrer, Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster. Musek: Balli Baldauff. Première an der Escher Theaterstiffchen: 11.10.1988
  • Chlorrosen, J(h)emp 2 (Texter: Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster) Mam Mady Durrer, Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster. Musek: Jos Schartz a Jerry Philipps. Première am Dierfgen:: 9.10.1990
  • Härentour, J(h)emp 2 (Texter: Jhemp Hoscheit. Mam Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster.) Première an der Theaterstiffche vum Escher Theater: 16.3.1993

Kannertheaterstécker

[änneren | Quelltext änneren]
  • Besat, 1982
  • De Wijhel, Eng Coproductioun Escher Theater/Schoulcommissioun/Pësperkëscht. Première am Escher Theater: 18.12.1987 BNL
  • Zirkus Sandkaul, 1988, BNL
  • C'est robot pour être vrai, 2. Präis beim Kannertheater-Concours vun der Stad Lëtzebuerg, 1988
  • De Schleek sicht en Haus, 2. Präis beim Kannertheater-Concours vun der Stad Lëtzebuerg, 1988. Opgefouert 1990 am TOL an am Escher Theater: 17.12.1991 BNL
  • Muskelmaus a Rateschwanz, e Kasperlstéck fir d'Sécurité Routière. Opgefouert vun der Brigade volante vun der Gendarmerie grand-ducale (uechtert d'Land 1995/1996/1997)
  • Tapis rouge, 2e prix: Concours fir Kannertheater; Gemeng Lëtzebuerg 1999, BNL + CNL, opgefouert am Théâtre des Capucins, Luxembourg 26. 11. 2000
  • I-U-E-O-A, Concours fir Kannertheater, Gemeng Lëtzebuerg 1999, BNL + CNL
  • ERIDANIA, Concours littéraire national 2002 fir Kannertheater, BNL+CNL
  • Läit d'Kand schonn am Pëtz, Mentioun beim Concours littéraire national, 1980
  • Karel den X-ten, 1980
  • D'Arche Joee, éng Bible-Fiction: [Hörspill] / vum Japhet, 1980
  • E Wiirfel vru Geriicht, Mentioun beim Concours littéraire national 1980. Iwwerdroen op RTL (26.12.1983 - Leedung: Frank Hoffmann; Produktioun: Pol Kieffer; Musek: René Nuss. Mam Steve Karier, Christian Kmiotek a Rita Weiler). Publizéiert an der 'Galerie' 3 (1985) No 1 vum CCDifferdange
  • Dräi Nimm pro Schung, 2. Präis beim Concours fir Radiosspiller vun der Actioun Lëtzebuergesch 1988. Publizéiert an "Eis Sprooch' No 12, Lëtzebuerg 1989. Iwwerdroen um soziokulturelle Radio 1994. Publizéiert an 'Lëtzebuergesch Texter fir 7e a 8e'; MEN 1990
  • Ganz hannen an den Tiräng, 1988; publizéiert an "Eis Sprooch' No 12, Lëtzebuerg 1989
  • An der Halschent, Mentioun beim Concours littéraire national fir Radiospiller 1994
  • Véier Wolleken, 1994
  • Sens unique, Mention spéciale beim Concours littéraire national 1999 fir Radiosstécker

Theaterstécker

[änneren | Quelltext änneren]
  • De Prof gët entfouert, Schülertheater: opgefouert vum FadS-Theater aus dem LT Esch (1984)
  • Nom Stéck, Präis beim Concours littéraire national fir Kuerztheater 1985
  • Stëbs, 1985
  • Bécksen, 1985
  • Et stécht un, Schülertheater: opgefouert vum FadS-Theater aus dem LT Esch (1985)
  • Iwwerleeungen iwwert, vun a mat engem Rido, opgefouert am Kader vu 'Kuerz gesot op Lëtzebuergesch' (Kuerz Theaterstécker vu Pol Greisch, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit) Produktioun TOL, am Sall vum TOL, 1986
  • Hipp hipp hipp hurradio, e Kaméidistéck. Opgefouert vun der Escher Liewensfrou am Escher Theater, 1991
  • Vu Buergen, Kamellen a Komplizen, 1991
  • Biller. Geschichten, E Stéck aus dem Minett, 1991
  • Zapping Sopho & Co, 3. Präis beim Concours fir Theaterstécker organiséiert vum 'Minettsdapp', 1996 (sélectionéiert fir de "Stückemarkt­Texte" am Centre National de Littérature, Mäerz 1998; organiséiert vum Théâtre National du Luxembourg) BNL + CNL
  • Flemm­o­Küb,Theatergrupp LTMA Péiténg (Première 16.5.1997 Lamadelaine) BNL
  • Graffiti (e Stéck géint de Rassismus fir d'Jugend), Concours 'Freed um Liesen', 1997
  • Egalwat, En Theaterstéck fir déi Jonk iwwer d'Welt vun de Reklammen; opgefouert vun der Theatergrupp LTMA Péiteng (Première 23. 5. 1998 Lamadelaine) BNL
  • Stéchdag (En Theaterstéck iwwer de Raum an d'Zäit), 1998 BNL + CNL 2. Präis beim Concours fir Theaterstécker organiséiert vun der UGDA, 1999
  • Kale Kaffi, 1999 BNL + CNL 3. Präis beim Concours fir Theaterstécker organiséiert vun der UGDA, 1999 opgefouert vun der Escher Liewensfrou am Escher Theater (Première: 9. 2. 2000) opgefouert vun der Ettelbrécker Theatergroupe 'Rido op', 2002
  • No der Première, 2000 BNL + CNL sélectionéiert fir den 2. Stückemarkt 2000 am Centre National de Littérature / Mersch, organiséiert vum Théâtre National de Luxembourg
  • Daumentheater, (2002) BNL + CNL
  • Schwaarz op wäiss, 1. Präis beim Concours "Nei Theaterstécker" organiséiert vun der UGDA; 2002 BNL + CNL opgefouert vun der Ettelbrécker Theatergroupe 'Rido op', 2003

Reesberichter

[änneren | Quelltext änneren]
  • The audience is listening, Abléck an Aeblécker vun New York/ Manhattan 2. ­ 6. 12. 1995, 2e prix Concours littéraire national pour des récits de voyage 1996, publié ds.: Wenn Erinnerungen schwimmen können (Éditions Phi - cf. Anthologien)
  • à deux voix, 1er prix Concours littéraire national 2001. publié dans: a sept voix, Éditions Phi - cf. Anthologies

Kuerzgeschichten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ausschnëtt (Kuerzroman), Prix d'encouragement beim Concours littéraire national 1986 fir Kuerzromaner in: Galerie 5 (1987) No 3
  • Kiirmes oder d'Lompe sténken (Kannergeschicht), 1989
  • E Mount Everest aus Bécksen, Prix Concours littéraire national 1989 fir Geschichte fir Kanner vun 8-13 Joer
  • De Fräibiljet (Kannergeschicht), 1991
  • D'Experiment (Kuerzgeschicht), 1992
  • Pännercher (Kuerzgeschicht), 1992
  • Dübblen (Kuerzgeschicht), 1992
  • Rout am Gesit + Wat wëlls de spéider gin?, Präisser beim Concours fir 'littérature enfantine' MEN/MAC 1991
  • Azima, Mentioun beim Concours littéraire national 1995 fir Kuerzgeschichten in: Galerie 14 (1996) No 2
  • Pak dat nët un, Mentioun beim Concours littéraire national 1995 fir Kuerzgeschichten (in: Plogeeschter)
  • Liewenskënschtlerin, (Gréngespoun 25. 2. 2000)
  • Mini Crash (Eng Literafiction), Almanach vum Joerhonnert, Éditions Guy Binsfeld, Luxembourg, 1999
  • Mat zwee Féiss um Buedem, Ried geschriwwe fir den Escher Zufunftsatelier 'Urban Vision' a gehale vum Steve Karier (30. 6. 2000)
  • Déi Saach mam Ada (Récit fantastique), 3e prix (Concours national littéraire pour des récits fantastiques 2000)
  • Land in Sicht!, Concours: Liberté de Conscience 2000 (net priméiert)
  • De Minett ass Literatur, Artikel fir d'Revue (2001)
  • Eng Geschicht (aus méi wéi enger Geschicht), 1. Präis beim Concours littéraire national fir Kuerzgeschichten 2003 CNL
  • E Portrait, Mention spéciale beim Concours littéraire national fir Kuerzgeschichten 2003 CNL
  • Iwwerbléck virum Printen, Text fir d'Anthologie Virum wäisse Blat, déi d'Walfer Gemeng fir déi Walfer Bicherdeeg 2003 bei den Éditions Guy Binsfeld publizéiere léisst
  • De Plimm (Kannergeschicht fir de Concours MEN 2003)
  • Monsteren am Gaart (Kannergeschicht fir de Concours MEN 2003)

Cabaretstextbäitreeg

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ferngesteiert/Fermgestéiert, mam Gust Müller, Anne Jungblut: Lëtzebuerg 17.1.1989
  • Op dem Widdem / Réiser Peffermill(ch)en: Wat hu mer verbrach (1987), Knaddereien (1988), Keng Panik (1989), Gutt gepeffert (1990), E Pefferkär bäigeluegt (1992)
  • Cabaret Geoghelli: Schülertheater aus dem LGE 1992,1993,1994,1995,1996,1997,1998, 1999
  • Cabaret zu Kielen: Mir sëtzen all an engem Boot (1988), Wat ee Buttek (1990)
  • Lëtzebuerger Kabaretentente: Mëttwochsmëttescabaret (1987), Pappches a Mammches (1994)
  • Cabaret vun der Liewensfrou

Aner Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Texter a verschidden Zäitschrëften, kulturellen Zäitschrëften an Zeitungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Cahiers Luxembourgeois
  • Lëtzebuerger Land
  • Kéisécker
  • Forum
  • Galerie
  • Tageblatt (phare, livres, kulturissimo)
  • Almanach 1989; 1999

Literaresch Essaien

[änneren | Quelltext änneren]
  • ­D'Welt huet 1001 Steckdousen, E puer Gedankespréng iwwer d'Liesen, Concours littéraire national pour essais littéraires, 1998
  • Brout a Spiller, Iwwert eis Iessgewunnechten, Concours littéraire national pour essais littéraires 1998, série d'articles publiés dans Lëtzebuerger Land: 23.7., 30.7., 6.8.,13.8., 20.8., 27.8.1999
  • Treatment
  • Kazebierg, 2e prix au Concours 2000 / 2001 du Fonds de Soutien à la Production audiovisuelle pour l'écriture d'un 'treatment'
  • Ech heeschen net Rosemarie, Concours: Fonds national de soutien à la production audiovisuelle 2001

Wierkvertounung

[änneren | Quelltext änneren]
  • David Ianni: Floumaart op. 70 fir gemëschte Chouer a Sträichorchester, Text: Jhemp Hoscheit; 2003

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1980: Nationale Literaturpräis
  • 1983: Literaturconcours vun der Actioun Lëtzebuergesch
  • 1985: Literaturconcours vun der Actioun Lëtzebuergesch
  • 1985: Nationale Literaturpräis
  • 1986: Nationale Literaturpräis
  • 1986: Kuerz Geschichten - Concours vum Buet, d'Duerfgazettche vu Miedernach
  • 1988: Concours "Kannertheater" (Stad Lëtzebuerg)
  • 1988: Concours "Kannertheater" (Stad Lëtzebuerg)
  • 1989: Nationale Literaturpräis
  • 1990: Cabaretspräis vun der LKE (zwee Mol den zweete Präis: „Kino zu Lëtzebuerg“ an „Lëtzebuerg gedeelt“)
  • 1991: Cabaretspräis vun der LKE (zwee Mol den zweete Präis: „Archäolog“, „Kannersprooch“)
  • 1992: Cabaretspräis vun der LKE
  • 1992: Cabaretspräis vun der LKE (véier Mol den éischte Präis: „Center“, „Kultursportler“, „Ferngesteierte Verkéierschaos“, „Noosthochzäit“)
  • 1992: Christiane Schlechter-Präis (Publikumspräis fir de beschten Text)
  • 1993: Nationale Literaturpräis
  • 1993: Cabaretspräis vun der LKE fir Nudus Unisex Luxemburgensis
  • 1994: Nationale Literaturpräis
  • 1996: Nationale Literaturpräis
  • 1996: Theaterconcours Minettsdapp - Kultur am Süden
  • 1997: Nationale Literaturpräis
  • 1998: Literaturpreis L - Luxemburger Literaturpreis für Mehrsprachigkeit fir Melusina Revisited
  • 1999: Concours "Kannertheater" (Stad Lëtzebuerg)
  • 1999: Nationale Literaturpräis
  • 1999: Concours "Nei Theaterstécker" vun der UGDA
  • 1999: Prix Jean-Lebon (Éibeng) fir de Roman La Secte de Sisyphe
  • 1999: Servais-Präis fir de Roman Perl oder Pica
  • 2000: Nationale Literaturpräis
  • 2001: Nationale Literaturpräis
  • 2001: zweete Präis am Filmveraarbechtungsconcours vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle fir Kazebierg
  • 2002: éischte Präis am UGDA-Concours „Nei Theaterstecker“ fir Schwaarz op wäiss
  • 2002: Prix Libertés
  • 2003: Nationale Literaturpräis
  • 2006: Lëtzebuerger Buchpräis fir Aacht Deeg an der Woch
  • 2008: Lëtzebuerger Buchpräis
  • 2010: Nationale Literaturpräis
  • 2011: Lëtzebuerger Buchpräis fir Mondelia
  • 2014: Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie „Kanner- a Jugendliteratur“ a Jury-Spezialpräis fir Den Eppes
  • 2014: Lëtzebuerger Buchpräis
  • 2020: Kulturverdéngschtpräis vun der Stad Esch-Uelzecht (iwwerreecht am Joer 2021)
  • 2023: éischte Präis beim Kanner- a Jugendliteraturpräis vum SCRIPT fir Kéipercher
  • 2025: éischte Präis am Nationale Literaturpräis fir d'Manuskript vum Roman Den Impakt vun de Klappentexter
  • Quell wou net anescht uginn: Autorenlexikon, gekuckt de 16. November 2025
Image  Commons: Jhemp Hoscheit – Biller, Videoen oder Audiodateien