Op den Inhalt sprangen

Pol Greisch

Vu Wikipedia
Image Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pol Greisch
Gebuer 8. Abrëll 1930
Walfer
Gestuerwen 15. Februar 2026
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Dramatiker, Filmschauspiller, Dichter, Dréibuchauteur
Member vun A:LL Schrëftsteller*innen, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
Auszeechnungen Batty-Weber-Präis, Servais-Präis, Concours littéraire national, Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz
Famill
Bestuet mat Juliette François
Kanner Cary Greisch
Image

De Pol Greisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 zu Walfer, a gestuerwen de 15. Februar 2026[1][2], war e lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur.

Zanter 1953 huet de Pol Greisch, dacks zesumme mat senger Fra, der Juliette François, déi 2007 gestuerwen ass, a franséisch-, däitsch- oder lëtzebuergeschsproochegen Theaterstécker gespillt. Nieft den Theaterstécker huet hie Prosa a Gedichter geschriwwen. Hie gouf fir seng Wierker ë. a. zweemol hannerenee mam Präis vum Nationale Literaturconcours (1979, 1980), zweemol mam Servais-Präis (1993, 2013), mat der Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz (1996) a mam Batty-Weber-Präis (2002) ausgezeechent.

De Pol Greisch war Member vum Institut grand-ducal a Vizepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

De Pol Greisch war de Papp vum Gittarist Cary Greisch.

Theaterstécker

[änneren | Quelltext änneren]
  • Äddi Charel (1966)
  • Besuch (1969)
  • Ënnerwee (1978)
  • Grouss Vakanz (1980)
  • Viru mam Jabel (1981), opgeféiert 1978 am Neien Theater
  • Margréitchen (1986)
  • E Bucki (1983), Eenakter
  • De laangen Tour (1988)
  • E Stéck Streisel (1992)
  • Kellerzerwiss (1992)
  • E Platten (1995)
  • Léiwe Kleeschen (1997)
  • Aarme Louder (1998)
  • Eng Heemelmaus (1999)
  • Wanter (2000)
  • Kiischtebléien (2002. Uropféierung: 27. 2. 2003)
  • Fënsterdall, Première am TNL de 14. November 2008

Autobiographesches

[änneren | Quelltext änneren]
  • Fir meng Mamm. Aus engem laange Bréif, 2000

De Schauspiller

[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 18.02.2026, S. 36
  2. Marc Thill: "Meister der leisen Zwischentöne: Pol Greisch mit 95 Jahren verstorben." wort.lu [w+], 17.02.2026.