Estland
| Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Eesti Vabariik | |||||
| |||||
| Offiziell Sprooch: | Estnesch | ||||
| Haaptstad: | Tallinn | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Alar Karis | ||||
| • Premierministesch: | Kristen Michal | ||||
| Fläch: | 45 226 km² | ||||
| • Dovu Waasser: | 4,6 % | ||||
| Bevëlkerung: | 1.369.995 (Stand 1. Januar 2025)[1][2] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 30,29/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | 24. Februar 1918 (deklaréiert), 20. August 1991 (erëmkritt) | ||||
| Nationalfeierdag: | 24. Februar | ||||
| Nationalhymn: | Mu isamaa, mu õnn ja rõõm (Lauschteren) | ||||
| Wärung: | Euro (EUR) | ||||
| Zäitzon: | UTC +2 (+3 am Summer) | ||||
| Internet TLD: | .ee | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+372 | ||||
Estland, offiziell d'Republik Estland (estnesch: Eesti Vabariik) ass e Staat am nordëstlechen Europa. Direkt Nopeschlänner sinn am Oste Russland an am Süde Lettland. Estland läit um Baltesche Mier, dat dann och zum Norden (Finnesche Golf) a Westen hin d'Grenz mécht. Nieft dem Festland gehéieren nach eng 1500 Inselen zu der Republik. Saaremaa an Hiiumaa, déi zwou gréisst dovun, spären den direkte Wee vum Baltesche Mier an d'Rigaer Bucht.
Haaptstad an anengems och gréisst Stad am Land ass Tallinn (fréier Reval genannt). Tallinn läit, vum Mier getrennt, knapps 85 km südlech vun der finnescher Haaptstad Helsinki ewech. Estland a Finnland si sech net nëmme geographesch no, mä hunn och sproochlech a kulturell vill Enges.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Estland läit am nërdleche Baltikum, woubäi d'Opdeelung vun der ganzer Regioun ëmstridden ass a se net just vu geographesche Facteuren, mä och vun historeschen, kulturellen a politeschen Aspekter beaflosst gëtt. De Baltikum gëtt deels zu Nordeuropa, Mëtteleuropa, Osteuropa an zu Nordosteuropa gezielt. Flächeméisseg ass d'Land mat 45.228 km² liicht méi grouss wéi Dänemark (43.094 km²).
D'Land charakteriséiert sech duerch eng hiwweleg Bëschlandschaft mat ville Séien a Moueren, mat enger duerchschnëttlecherHéicht vun nëmme 50 Meter. Déi héchst Plaz vum Land, de Suur Munamägi (318 Meter), läit am Südoste vum Land. De gréisste Séi ass de Peipsi-Pihkva järv (Peipusséi).
Estland huet 2.317 Inselen(Stand 2024), vun deenen der 19 bewunnt sinn; déi gréisst si Saaremaa an Hiiumaa.
Déi ganz Küst huet eng Längt vun 3.794 Kilometer, mat verschiddene Golfen (z. B. dee vu Riga an dem Finnesche Golf) a Mieerengten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Estland war kuerz Zäit, tëscht den zwéi Weltkricher, vun 1918 bis 1940 onofhängeg, mä gouf dunn 1940, gradewéi Lettland a Litauen - déi zwéin aner baltesch Staaten - vun der Sowjetunioun annektéiert déi dunn d'Estnesch Sozialistesch Sowjetrepublik (SSR) draus gemaach hunn. Zanter dem August 1991 ass d'Land nees en onofhängege Staat.
Den 2. Abrëll 2004 gouf Estland Member an der NATO[3] an nëmme kuerz drop, den 1. Mee, an d'Europäesch Unioun opgeholl. Den 21. Dezember 2007 ass et dem Schengen-Raum bäigetrueden. 2010 gouf et Member vun der OECD, an den 1. Januar 2011 vun der Eurozon.[4]
Politik
[änneren | Quelltext änneren]
Dat haitegt Estland besteet aus der fréierer Ostséiprovenz Estland déi vu 1710 bis 1918 zum russesche Räich gehéiert huet, an aus dem nërdlechen Deel vu Livland.
D'Uewerschicht vun de Staatsbierger a Landbesëtzer war däitschsproocheg a bis 1885 war Däitsch d'Sprooch déi an de Schoulen enseignéiert gouf, an déi administrativ Sprooch. Wéinst der Russifizéierungscampagne vun der russesch-zaristescher Regierung huet dat Russescht, d'Däitsch an där Funktioun ofgeléist. Wéinst dem Sträit mat Russland gouf dat awer am 21. Joerhonnert erëm geännert an elo ass Englesch déi zweet offiziell Sprooch. D'Sprooch gëtt staark gefërdert. Nieft der Educatioun, gëtt och vill Wäert op d'Fërderung vum Englesche geluecht andeems vill[Wéi vill?] Tëleessenderen op Englesch sinn.
Zanter 1988 gouf dru geschafft, d'Souveränitéit vun Estland erëm hiergestallt, an am August 1991 huet d'Land sech vun der Sowjetunioun lassgeléist.
Den 18. Mee 2005 ass zu Moskau e Grenzvertrag mat de Russen ënnerschriwwe ginn. Déi Verzögerung houng mat der Weigerung vum President Putin zesummen, fir d'estnesch Siicht vun der Annexioun vun 1940 an de Traité vun Dorpat vun 1920 z'akzeptéieren. De 27. Juni 2005 huet Russland d'Ënnerschrëft awer erëm zeréckgezu well se net mam Entworf vun der Preambel vun der estnescher Säit d'accord war. Dat well op d'Aggressioune vun der Sowjetunioun géint Estland an déi joerzéngtelaang Besatzung higewise gouf. Domat ass d'Fro vun de russesch-estnesche Grenzen nach ëmmer net gekläert.
| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
D'Este si frou iwwer d'Weiderentwécklung vun der Technik an hirem Land, nodeem si laang zeréck bliwwe sinn. An Estland ass et quasi zu enger elektronescher Revolutioun komm: 93 % vun der Bevëlkerung haten 2004 en Handy a per Gesetz garantéiert de Staat den Zougang zum Internet. Wie keen eegene Computer huet, däerf gratis op engem vu ronn 700 ëffentleche Bornen an de Postbureauen oder Bibliothéiken op den Internet. Och an all Schoul muss den Internetzougank assuréiert sinn. Déi Reegelung ass eemoleg an Europa.
D'Duerchschnëttsléin vun den Este leie bei 812,70 €, zum Verglach: de Mindestloun zu Lëtzebuerg läit scho bei ëm déi 1.600 €, dat heescht den Duerchschnëttsloun läit nach wäit driwwer.
97% vun der estnescher Bevëlkerung hunn eng Tëlee Doheem a ganz interessant ass och nach, datt d'Esten an Europa am meeschten Zeitung liesen. Si hu 523 Zeitungsabonnenten op 1000 Awunner.
Administrativ Ënnerdeelungen
[änneren | Quelltext änneren]Op administrativem Plang ass Estland follgendermoossen opgedeelt:
- Republik Estland (Eesti Vabariik);
- 15 Arrondissementer oder Landkreesser (maakond);
- 79 Gemengen (omavalitsus), dovu 15 Stied (linn) a 64 Landgemengen (vald).
- 15 Arrondissementer oder Landkreesser (maakond);
Arrondissementer
[änneren | Quelltext änneren]| Code ISO 3166-2 |
Arrondissement | Verwaltungs- sëtz |
Awunnerzuel | Stand |
|---|---|---|---|---|
| EE-37 | Harju | Tallinn | 646.315 | 01.01.2024 |
| EE-39 | Hiiu | Kärdla | 8.418 | 01.01.2024 |
| EE-45 | Ida-Viru | Jõhvi | 133.358 | 01.01.2023 |
| EE-50 | Jõgeva | Jõgeva | 27.739 | 01.01.2023 |
| EE-52 | Järva | Paide | 30.072 | 01.01.2023 |
| EE-56 | Lääne | Haapsalu | 20.625 | 01.01.2024 |
| EE-60 | Lääne-Viru | Rakvere | 59.608 | 01.01.2023 |
| EE-64 | Põlva | Põlva | 24.036 | 01.01.2023 |
| EE-68 | Pärnu | Pärnu | 87.418 | 01.01.2023 |
| EE-71 | Rapla | Rapla | 34.038 | 01.01.2023 |
| EE-74 | Saare | Kuressaare | 32.021 | 01.01.2024 |
| EE-79 | Tartu | Tartu | 162.390 | 01.01.2023 |
| EE-81 | Valga | Valga | 27.924 | 01.01.2024 |
| EE-84 | Viljandi | Viljandi | 45.637 | 01.01.2023 |
| EE-87 | Võru | Võru | 34.049 | 01.01.2024 |
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]Estland huet eng Bevëlkerung vun 1.369.995 Awunner (Stand 1. Januar 2025)[5][2].

Quell fir d'Zuelen: 1922 – 1989 miksike.ee an lcweb2.loc.gov; 2000 – 2026: pub.stat.ee
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Estland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Portal vum Staat Estland (en)
- Tourismusportal visitestonia.com (en) (de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- 1 2 https://www.stat.ee/et/avasta-statistikat/valdkonnad/rahvastik/rahvaarv; consultéiert den: 23. Abrëll 2025.
- ↑ (de) Vor 20 Jahren: Größte Erweiterung der Nato. www.merkur.de (28.03.2024) Archivéiert de 06.04.2024. Gekuckt den 22.07.2025.
- ↑ (lb) An Estland soen se der Kroun "Äddi", an dem Euro "Moien". www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.
- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.

